Wëllkomm op eiser Homepage.
En neie Logo, en neie Look, en neie Bandleader, awer déi al bewäerten Equipe, déi der klassescher Big Band Musek trei bleift.
No méi wéi 5 Joer huet de Marc Heitz, Grënner vun der Northern Big Band, säin Dram vun der eegener Big Band erfëllt gesinn an ass schonn erëm ënnerwee mat engem neien Jazzprojet. D’Membere vun der Big Band an ech soen dem Marc en häerzlechen a grouße Merci, dat mir en Deel vu sengem Dram hunn däerfe sinn a wënschen him vill Spaass, Erfolleg a Satisfactioun mat sengem neie Projet.
D’Northern Big Band wäert an deem Sënn och weiderhi säi Publikum mat original a mat neien Arrangementer vu bekannten Jazz a Big Band Standards aus där Zäit ënnerhalen.
Des Weidere si mir och immens frou, d’Christine Heitz weiderhin als Sängerin derbäi ze hunn. D’Christine, mat senger schéiner Stëmm, gëtt mat neie Songs nach méi an de Programm agebonnen an domat dierft en ofwiesslungsräiche Programm garantéiert sinn.
An eiser „Set-List“ kënnt Dir Iech villäicht schonn e Bild dervu maachen. Wann Dir mat den Titelen awer net esou direkt eppes ufänke kënnt, dann invitéiere mir Iech ganz häerzlech eis op engem - oder gären och méi - vun eise Concerte lauschteren ze kommen. D’Terminer heifir fannt Dir ënnert „Concerts“. Mir géifen eis op alle Fall freeën, iech ze begéinen an ze ënnerhalen.
An deem Sënn, … keep on swingin‘ with us
Théo PESSERS
Bandleader
Welcome to our homepage.
A new logo, a new look, a new bandleader, but the same old bunch who remain as true to classical Big Band music as ever.
After more than 5 years, Marc Heitz, the founder of The Northern Big Band, has seen his dream of setting up his own Big Band come to life and is already involved in a new Jazz project. The members of the Big Band are very grateful to Marc and thank him for allowing them to be part of his dream, while wishing him all the best for his new project.
The Northern Big Band will continue to entertain the public with original and new arrangements of well-known Jazz and Big Band standards from that period.
In addition, we are delighted to still count Christine Heitz among us. Christine and her beautiful voice will be incorporated more in our repertoire, guaranteeing varied and entertaining concerts.
In our ‘Set-List’, you can already get an idea of what is to come. If the titles do not mean much to you yet, you are cordially invited to attend one – or more, if you wish – of our concerts. You can find the dates in ‘Concerts’. We are looking forward to meeting and entertaining you.
Until then … keep on swingin‘ with us
Théo PESSERS
Bandleader
